Resumen del episodio
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du Quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La Guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. De Roman vun der Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an den nächste Wochen beschwätzt hien déi siwen aner Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut schwätze mer iwwert ee vun dem Jeff senge Favoritten: dem Sylvain Prudhomme säin "De l’autre côté du lac".

Episodios
Prix Goncourt: "De l'autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme
EscuchadoDéi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du Quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La Guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. De Roman vun der Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an den nächste Wochen beschwätzt hien déi siwen aner Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut schwätze mer iwwert ee vun dem Jeff senge Favoritten: dem Sylvain Prudhomme säin "De l’autre côté du lac".
“Once upon a time” an aacht (on)duerchsiichtege Kapitelen
EscuchadoD'Ekipp vum Radio 100,7 denkt quasi all Dag un d’Kënschtlerin Trixi Weis. Op eiser Fassad ass jo der Sculptrice a Multimedia-Kënschtlerin hir “City clock” ze gesinn, eng vertikal LED-Auer, déi een am Fënnef-Minutten-Takt liese kann. Konscht fir den ëffentleche Raum vun 2013. D'Zäit beschäftegt d’Trixi Weis awer och haut nach ëmmer: aktuell presentéiert si an der Cité de l’image, also zu Klierf, d’Ausstellung “Once upon a time”. An dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Trixi Weis haut an de Studio invitéiert.
Nei am Kino
EscuchadoDen Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Giorgio Vasari, Jeder nach seinem Kopf. Wagenbach: Kritik
EscuchadoA sengem Buch ‘Jeder nach seinem Kopf’ aus dem Wagenbach Verlag begéine mir Kënschtlergeschichten an Anekdoten, déi den Giorgio Vasari am Alldag vun esou grousse Meeschteren ewéi Raffael, Michelangelo oder Leonardo da Vinci opgegraff huet. Wéi de Vasari des Kënschtler op eng ganz ënnerhalsam Aart a Weis vum héije Sockel erof hëlt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.
Like A Jazz Machine 2026
EscuchadoDo wou eng Pop- der Rockband muss ee Concert spillen, ginn d’Saachen eescht. Déi eng oder aner Linn nach eemol prouwen, déi héich Nout treffen, trotzdem den Hals kraazt, an ass de Sound ok? Jazz-Museker hunn do e bësse méi eng relax Manéier. Mat Millioune geliesene Partituren, honnerte vun Impro-Sessions an enger bommesëcherer musikalescher Intuitioun, kann een am Moment liewen, an och spillen. Dat huet dëst Joer dee fir d’éischt am Hierscht organiséierten, wichstegsten Jazz Festival am Land "Like a Jazz Machine" nach eemol gewisen.